Luxembourgcollection.lu ass den offiziellen Online-Shop vun der LuXembourg Kollektioun fir professionell Clienten (Staatlech Entitéiten, Firmen, ONGen, Associatiounen, asw.).

Luxembourgcollection.lu erlaabt professionelle Clienten di offiziell Produiten vu der LuXembourg Kollektioun a gréisserer Stéckzuel ze kafen an esou vu reduzéierte Präisser ze profitéieren. Personaliséierunge sinn op Ufro méiglech. An dësem Fall muss eng spezifesch Ufro un ons Equipe geschéckt ginn.

All Fachleit (staatlech Entitéiten, Firmen, ONGen, Associatiounen, asw.), déi a gréissere Quantitéiten akafen an domat vun den avantagéise Präisser profitéiere wëllen, kënnen op Luxembourgcollection.lu bestellen. Dir musst jusr e Benotzernumm a Passwuert iwwer eisen Aschreiwungsportal ufroen.

De Site gëtt geréiert vu Multiple Entrepreneurship Worldwide (M.E.W.) Sàrl.

RCSL : B213422

TVA Nummer : LU29297071

All Fournisseur/Produzent, dee seng Produkter op luxembourgcollection.lu wëll ubidden, kann iwwer eise Fournisseur Portal eng Demande lancéieren:

https://luxembourgcollection.lu/fournisseurs/

All Ufroe fir Kooperatioun ginn da fir Validatioun un de zoustännege Comité fir Nation Branding am Ausseministère geschéckt.

Mir invitéieren jiddereen deen Interessi huet eis “Partnerschaften” Säit (https://lmih.lu/partenariats/participez-a-la-luxembourg-collection) am Viraus ze consultéieren.

Produkter

Luxembourgcollection.lu bitt all Produkt un, dat vum Comité de la Promotion de l’Image de Marque validéiert gouf

Jo, speziell / saisonal Offere ginn e puer Mol am Joer ugebueden.

Meng Commande

Op der Homepage vun eisem E-Commerce kënnt Dir e Produit entweder per Schlësselwuert oder no Kategorie sichen.

Präisser ginn nëmmen ugewisen wann Dir als Member ugemellt sidd (Login mat Benotzernumm a Passwuert)

Wann Dir e Produit fonnt hutt deen Iech gefält, klickt op de Knäppchen “Ajouter au panier ” a befollegt di weider Instruktiounen um Bildschierm. Dir kënnt dann Äre Panier consultéieren an all déi ausgewielte Produkter uweisen. Dono kënnt Dir Är Bestellung validéieren andeems Dir op de Knäppchen klickt « Passer commande »

Wann Dir eng Bestellung gemaach hutt, kritt Dir e Message dass är Bestellung empfaange gouf. Dono kritt Dir dann eng Bestätegung mat weideren Informatiounen.

Bezuelung

Den Dag vun der Liwwerung gëtt eng Rechnung un Iech geschéckt. Nom Empfang vun der Rechnung ass d’Bezuelungen per Bankiwwerweisung op de Kont vun der Firma M.E.W. SARL ze maachen: BCEE LU59 0019 4955 6134 6000

Nee, all Präisser ginn ouni TVA ugewisen.

Liwwerung

Dir kënnt Är Bestellung an all Land op der Welt geliwwert kréien. D’Liwwerkäschte ginn zousätzlech fakturéiert.

Liwwerzäite variéiere jee no der Disponibilitéit vum Artikel an der ausgewielter Destinatioun.

D’Liwwerkäschte hänke vum Produkt a vun der Destinatioun of. D’Liwwerkäschte ginn dohier individuell fir all Bestellung berechent.

Wann Dir feststellt datt Är Bestellung nach net geliwwert gouf, kënnt Dir eis kontaktéieren fir méi iwwer de Suivi vun der Liwwerung erauszefannen.

Retouren, Austausch an Annulatioun

Wann Dir eng sougenannt “normal” Bestellung bestätegt hutt, d.h. eng Bestellung fir Produkter déi keng spezifesch Fabrikatioun vum Verkeefer erfuerderen fir d’Bestellung ze liwweren, kënnt Dir ëmmer nach d’Bestellung annuléieren éier d’Liwwerung confirméiert gouf.

Wann Dir d’Liwweradress wëllt änneren, da kontaktéiert w.e.g. eise Service Après-Vente:

https://luxembourgcollection.lu/service-apres-vente/

Wann net anescht ausgemaach, gi Transport Käschten un Iech verrechent

Reparatur a Garantie

Fir Froen iwwer Reparatur, Defekter, Operatioun, Gebrauch a Garantie, invitéiere mir Iech eis allgemeng Verkafsbedéngungen ze consultéieren.

https://luxembourgcollection.lu/cgdv/

Hutt Dir méi Froen? Zéckt net eis ze kontaktéieren. Mir stinn Iech zur Verfügung fir Är Froen beschtméiglechst ze beäntweren.

Back to Top