D’BUCH « FROM FARM TO FORK » VUN « A GUDDESCH »
RENÉ VOGL
De René Vogl ass de Chefkach vum Restaurant A Guddesch zu Biereng. Mat sengen traditionellen an typesch regionale Plate steet de passionéierte Kach fir eng nohalteg a gesond Kichen, an där ausschliisslech héichwäerteg Produite mat vill Gefill an op eng raffinéiert Aart a Weis verschafft ginn.
Inspiréiert souwuel vu sengen Auslandsreesen ewéi och vu senger Groussmamm hire Rezepter, léisst de René sou munch nei Iddi a seng kulinaresch Kreatiounen afléissen, woubäi e gläichzäiteg lokal a saisonal Produiten an de Fokus stellt. Dësen Knowhow a seng vill nei Afäll hunn him e gudde Ruff an der Lëtzebuerger Gastronomie abruecht.
De René ass zesumme mat sengem Team vun A Guddesch Auteur vum Buch Luxembourg: From Farm to Fork.
D’BUCH « FROM FARM TO FORK »
D’Buch Luxembourg: From Farm to Fork invitéiert op eng kulinaresch Rees duerch d’Joreszäiten zu Lëtzebuerg a presentéiert eng Abberzuel u lokale Produzenten a Produiten. Op de(n) 240 Säite vum Buch sinn net nëmme(n) 60 Rezepter, mee och Portraite vun 10 lëtzebuergesche Produzenten ze fannen. Mat ville Biller – all Plat, jiddwer Produzent an eng ganz Rei vu Produite ginn op Fotoe presentéiert – an engem attraktive Layout went sech d’Buch un all déi, déi regional Produite schätzen, d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg bewonneren a gär gutt a gesond Iesse kachen.















