SUMMERHUNNEG VUN DER APICULTURE JUNGELS
VICTOR JUNGELS
De Betrib vum Beruffsbeienziichter Victor Jungels zu Branebuerg ass deen eelsten zu Lëtzebuerg. D’éischt huet d’Famill Ranner gehalen, mee well se de Betrib net vergréissere konnten, hunn sech d’Eltere vum Victor decidéiert, aus hirer Passioun fir d’Beien e Beruff ze maachen. Dat ass elo 35 Joer hier. Eng gutt Entscheedung, wéi sech gewisen huet, well haut summt et nach ëmmer bei der Famill Jungels. De Victor, deen eigentlech geléierten Elektrotechniker ass, këmmert sech mat sengen Elteren ëm 15 Millioune Beien, dat si ronn 250 Beiekëschten, vun deenen déi meescht matzen am Naturpark Our stinn. Hir verschidden Zorten Hunneg an aner Produite stellt d’Famill selwer hier.
SUMMERHUNNEG
Der Famill Jungels ass et wichteg, datt d’Fabrikatioun ausschliisslech am eegene Betrib ofleeft. D’Resultat ass en 100 % lokalen an natierlechen Hunneg. De Summerhunneg setzt sech aus enger Mëschung vun Nektar vu Bësch-, Lannen- a Kléibléien zesummen. En ass net ze kräfteg an och net ze duuss, mat Arome vun Hammbier a Schwaarzbier. De blummege Goût an déi cremeg Textur maachen aus him e Klassiker ënner de lëtzebuergeschen Hunneger.