DEN DRÄIFAARWEGE PÉCKVILLCHE VUM USCH BIVER
D’Gesiicht hanner dem Produit
USCH BIVER
Schonn a senger Kandheet zu Nouspelt, der Wéi vun der Lëtzebuerger Aulebäckerkonscht, huet den Usch Biver d’Freed um Schaffe mat Leem entdeckt. Wärend seng Klassekomerode mat Kartong gebastelt hunn, huet hie scho Géigestänn aus Leem geformt, well dat Material e faszinéiert huet. Mat 23 Joer huet en sech all Dag no der Aarbecht u seng Dréischeif gesat, eng vertraute Plaz, wou en zur Rou koum. Nach haut féiert e mat Fangerspëtzegefill d’Konscht vun de Péckvillercher weider, deene klenge Päifen a Form vu Villercher, déi sech zu engem Symbol vun Nouspelt gemausert hunn. Duerch si vermëttelt en en einfachen an éierlechen Knowhow, äerdverbonnen an an der Traditioun verwuerzelt.
De Produit
DRÄIFAARWEGE PÉCKVILLCHE VUM NOUSPELTER SYNDICAT D’INITIATIVE
Dës Serie vu Péckvillercher gouf vum Usch Biver ganz aus Nouspelter Leem vun Hand geformt. Dëse Leem aus de méi déiwe Buedemschichten dréit d’Spuere vun der Vergaangenheet a sech: reng Eisenoxidpartikelen. Et ass en diskreeten Ierwen aus der Zäit vun der Eisen- a Stolindustrie am Land. Beim Brenne weist sech eng raschtfaarweg, bal kofferfaarweg Fierwung – eng eenzegaarteg Signatur vun der Regioun. Dës natierlech Faarf verschwënnt, wann de Kënschtler de Pinsel an de Grapp hëlt an déi ënnerschiddlechst Faarftéin opdréit, éier zum Schluss e Lack driwwerkënnt.















