DESINFEKTIOUNSMËTTEL VU DIFRULUX

difrulux_15
difrulux_12
difrulux_14
difrulux_11
difrulux_05
difrulux_04
difrulux_02
difrulux_01
difrulux_07
difrulux_10
difrulux_08
previous arrow
next arrow
difrulux_15
difrulux_12
difrulux_14
difrulux_11
difrulux_05
difrulux_04
difrulux_02
difrulux_01
difrulux_07
difrulux_10
difrulux_08
previous arrow
next arrow

D’Gesiichter hannert dem Produit

GÉRARD LEUCHTER, ROMAIN & LOUIS HAAS

En duusse, fruchtegen Doft zitt sech duerch d‘Brennerei Difrulux zu Präiteler, am Häerze vun der Natur a vum Mëllerdall. Fläschen an alle Gréissten a Forme stinn an de Regaler: hei ginn Äppeldrëpp, Bierendrëpp, Mirabellendrëpp, Hammbiersdrëpp, Quetschendrëpp an nach verschidden aner Drëppe gebrannt. Et entstinn och sëllegen aner Likören an Gin aus Wakelter vun allen Zorten. Eng Fro iwwer d’Brennen? De Gérard Leuchter weess Bescheed. D’Handwierk ass scho Joerhonnerte laang eng Familljentraditioun. Dofir war et och ganz onméiglech, datt eng Pandemie d’Firma, déi fir hiert Wëssen, hiert Kënnen an hir grouss Gamm vu Fruuchtdrëppe bekannt ass, an d’Struewele kéint bréngen. Fir keng Leit ze entloossen an de Betrib weider um Lafen ze halen, huet de Patron d’Geleeënheet ergraff, Desinfektiounsmëttel aus dem rengen Alkohol a sengem Lager ze produzéieren. Esou konnt d’Brennerei den Awunner an Institutiounen am Land net manner wéi 100 000 Liter hydroalkoholesch Léisung liwweren. D’Desinfektiounsmëttelen, déi d’Ënnerschrëft vu Lëtzebuerg droen, gi vum Romain a Louis Haas hirer Firma vermaart.

De Produit a seng Wäerter

ENG ONTYPESCH LÉISUNG

Zënter der Pandemie produzéiert de Gérard Leuchter niewent sengen traditionellen a bekannten Drëppen och flësseg Desinfektiounsmëttel. Made in Luxembourg, eng an enger Brennerei matzen am Mëllerdall produzéiert hydroalkoholesch Léisung, déi a Sprays, Fläschen oder Bidone mat enger Etikett an de Faarwe vum Wopen ze kréien ass, huet et der Firma erméiglecht, hire Stock un Alkohol ze verwäerten a virun allem hirem Personal wärend der Pandemie eng Aarbechtsplaz ze sécheren.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top