D’ACCESSOIREN VUN DONO

Dono_18
2
9
6
8
3
5
7
4
previous arrow
next arrow
Dono_18
2
9
6
8
3
5
7
4
previous arrow
next arrow

D’Gesiichter hannert dem Produit

DONO

D’Geschicht fänkt u mat de Baatschen, déi vun de Renovéierungsaarbechte vun der Neier Bréck, am Häerz vun der Haaptstad, stamen. Aus dësen 12 000 m22 Plastik ass d’Kollektioun E Stéck vun der Bréckentstanen, mat Poschen, Vëlostäschen a Luuchten entworf vun der Designerin Julie Conrad, an domat och de professionellen Integratiounsatelier DONO, dee vun der Kooperativ « Coopérations à Wiltz » gegrënnt gouf.

Den Atelier, deen an de fréiere Kiche vun der Gemeng hirem Schlass ënnerbruecht ass, erméiglecht de Leit, déi wäit vum Aarbechtsmaart ewech sinn oder eng Behënnerung hunn, d’Grondlage vum Bitzen ze léieren. Zënter Jore schafft de Recyclingprojet mat de Baatschen a soss Liwwerunge vun der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Wolz, de grousse Betriber an, wéi viru kuerzem, Esch2022. Bei der Liwwerung gëtt d’Matière première gewäsch a no Mustere vun der belscher Designerin Katleen Hennes preparéiert, déi den Atelier zanter zwee Joer geréiert. D’Stécker ginn da vun de 14 MataarbechterInnen zesummegesat an un de Public verkaaft.

De Produit a seng Wäerter

D’ACCESSOIREN

D’Accessoiren aus de Promotiounsbaatsche fir Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad suergen net nëmme fir Aarbechtsplazen am soziale Secteur, mee erméiglechen och d’Weiderverwendung vu staarken an haltbare Baatschen, déi nëmme kuerzzäiteg gebraucht goufen an duerno séier ewechgehäit gi wieren. Den Atelier DONO transforméiert d’Baatschen zu Dossieren, Classeuren a Posche fir verschidden Zwecker a gëtt hinnen en zweet Liewen als nohalteg Designsaccessoiren. Eng sozial an ökologesch Approche, déi den Upcycling an d’Kreeslafwirtschaft encouragéiert.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top