DEN KICHENDUCH AN SCHIERTECH SET VUN EICATCHER

Tess_Burton_60
Tess_Burton_54
Tess_Burton_39
Tess_Burton_48
Tess_Burton_37
Tess_Burton_35
Tess_Burton_23
Tess_Burton_38
previous arrow
next arrow
Tess_Burton_60
Tess_Burton_54
Tess_Burton_39
Tess_Burton_48
Tess_Burton_37
Tess_Burton_35
Tess_Burton_23
Tess_Burton_38
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hanner dem Produit

TESS BURTON

Zéng Joer laang souz d’Tess Burton als Deputéiert an der Chamber, ouni an där Zäit de Familljebetrib ze vernoléissegen. Als Editrice vun Zeitungen a Gerante vun hirer Kommunikatiounsagence huet si ëmmer eng staark Affinitéit zu hirer Heemecht bewisen. 2020 setzt se hir Passioun fir Kichendicher als Vakanzesouvenir an engem kénge Projet ëm: Si kreéiert eng Textilkollektioun an de Faarwe vu Lëtzebuerg. Déi éischt dräi Modeller, inspiréiert vun engem Vollekslidd, ware bannent engem eenzege Weekend ausverkaaft! Zënterhier si méi wéi 100 Motiver entstanen: symbolträchteg Landschaften, traditionell Rezepter, lokal Riedewendungen …

De Produit a seng Wäerter

DE SET

All Kichenduch erzielt e Stéck Lëtzebuerger Geschicht. Si sinn aus 100 % Kotteng, kënne bei 60 °C gewäsch ginn a sinn op eng laang Liewensdauer ausgeluecht. D’Borde si vun Hand gebutt an déi gefaalten Dicher gi mat enger pabeiers Banderole mat engem raffinéierten Design zesummegehalen. Als lokal Handwierkskonscht konzipéiert, sinn d’Kichendicher net nëmmen en nëtzlechen Alldagsgéigestand: Fir déi eng sinn et Sammlerstécker ginn, déi aner verschenken se oder huelen se gär als Souvenir mat heem.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top