D’PARFUMÉIERT KÄERZ VUN DER KÄERZEFABRIK PETERS

Kaerzefabrik_lr_25
Kaerzefabrik_lr_23
Kaerzefabrik_lr_22
Kaerzefabrik_lr_24
Kaerzefabrik_lr_01
Kaerzefabrik_03
Kaerzefabrik_lr_05
Kaerzefabrik_lr_09
Kaerzefabrik_lr_11
Kaerzefabrik_lr_03
Kaerzefabrik_lr_13
Kaerzefabrik_lr_21
previous arrow
next arrow
Kaerzefabrik_lr_25
Kaerzefabrik_lr_23
Kaerzefabrik_lr_22
Kaerzefabrik_lr_24
Kaerzefabrik_lr_01
Kaerzefabrik_03
Kaerzefabrik_lr_05
Kaerzefabrik_lr_09
Kaerzefabrik_lr_11
Kaerzefabrik_lr_03
Kaerzefabrik_lr_13
Kaerzefabrik_lr_21
previous arrow
next arrow

D’FAMILL PETERS

Vu Klengem un hëlleft de Jan Peters sengem Papp John an deem senger klenger Käerzefabrik, wou ursprünglech Käerze fir kierchlech Zwecker hiergestallt goufen. Aus senger Passioun fir d’Käerzen huet de Jan Peters spéider säi Beruff gemaach. Wann een e vu senger Käerzefabrik héiert schwätzen, spiert een, wéi wichteg et him ass, senge Clienten déi beschtméiglech Produiten unzebidden. Mat senge Schwësteren Anne an Eve leet en haut de Betrib zu Heischent an der Gemeng Esch-Sauer, am Norde vum Land, wou elo eng breet Pallett vu Produiten zur Auswiel steet.

D’PARFUMÉIERT KÄERZ

Un der parfuméierter Käerz „Feierowend“ gouf jorelaang getüftelt, fir en innovativen Doft ze kreéieren. Se weist, mat wéi vill Léift a Suergfalt bei der Famill Peters geschafft gëtt. De Wuess, dee benotzt gëtt, entsprécht den héchste Standarde vun der Handwierkskonscht a garantéiert, datt d’Käerz gläichméisseg ofbrennt. Den zaart-filigrane Parfum – eng Mëschung aus Trüffel, Bergamott, Orchidee a Cassis – suergt fir Entspanung a Wuelbefannen doheem.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top