DE STËFT AUS HOLZ VUM LUC GUILLAUME

luc_guillaume_18
luc_guillaume_01
luc_guillaume_15
luc_guillaume_07
luc_guillaume_03
luc_guillaume_06
luc_guillaume_10
luc_guillaume_09
luc_guillaume_21
luc_guillaume_19
luc_guillaume_26
luc_guillaume_25
luc_guillaume_27
luc_guillaume_28
previous arrow
next arrow
luc_guillaume_18
luc_guillaume_01
luc_guillaume_15
luc_guillaume_07
luc_guillaume_03
luc_guillaume_06
luc_guillaume_10
luc_guillaume_09
luc_guillaume_21
luc_guillaume_19
luc_guillaume_26
luc_guillaume_25
luc_guillaume_27
luc_guillaume_28
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

LUC GUILLAUME

Als klengt Kand huet de Luc Guillaume am léifsten am Bësch gespillt. D’Schräinerei ass zu enger Passioun ginn, déi e staark begeeschtert huet, mee déi en als Hobby wollt bäibehalen ouni de grousse Sprong an de Beruff ze woen. Den Ausléiser war dunn awer de Moment, wéi en dem Pitt Branderburger begéint ass, engem Kënschtler, deen ëm gehollef huet, seng Technik ze perfektionéieren a Materialien ze verbannen. Zënter deem léisst de Luc Guillaume d’Holzspéin opblëtzen, fir eenzegaarteg Objeten ze schafen, déi esou wuel nëtzlech wéi och dekorativ sinn. Op Ureegung vu senger Fra huet en 2010 mat der Produktioun vu Schreifstëfter ugefaangen. Dës kleng Objete mat engem breede Spektrum u kreative Méiglechkeete ginn elo a sengen Hänn zum Liewen erwächt, nodeem se stonnelaang a sengem Atelier zu Käerjeng am Südweste vum Land geschnëtzt goufen.

De Produit a seng Wäerter

DE BIC FIR D’WELTAUSSTELLUNG ZU OSAKA 2025

Dësen eenzegaartege Bic verwent zwou perfekt ausgewielten Holzzorten, déi de Lien tëscht Lëtzebuerg a Japan zum Ausdrock bréngen: Bluttbich a Japanesch Kiischt. D’Verbindung vun deenen zwee Hëlzer symboliséiert d’Begéinung vun zwou Kulturen a spigelt perfekt d’Theema vun der Vernetzung erëm, dat op der Weltausstellung zu Osaka am Fokus steet. Dësen aussergewéinleche Bic gëtt an enger limitéierter Stéckzuel am Lëtzebuerger Pavillon zu Osaka ugebueden a bitt de Visiteuren en Objet, deen net nëmmen eng Funktioun huet, mee och e Message a sech dréit.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top