« QUATTROMANIA » VUM MARTIN DIETERLE

quattromania_37
previous arrow
next arrow
quattromania_37
quattromania_02
quattromania_31
quattromania_32
quattromania_04
quattromania_23
quattromania_24
quattromania_26
quattromania_28
quattromania_30
quattromania_43
quattromania_40
quattromania_21
previous arrow
next arrow

MARTIN DIETERLE

De Martin Dieterle, ausgebilten Designer an Innenarchitekt, huet sech säi Kandheetsdram erfëllt an e Brietspill entwéckelt. D’Iddi dozou koum em scho viru fofzéng Joer. No puer duerchaus positiven Tester mat der Famill an duerno de Frënn leet en de Prototyp trotzdeem op Äis. E puer Joer drop, wéi e sech 2023 enger perséinlecher Erausfuerderung zum Theema Recycling stelle wëllt, decidéiert en, Quattromania bei deem vu Luxinnovation organiséierte Concours „Circular by Design Challenge“ unzemellen. De Martin gewënnt de Concours, säin Dram ass an Erfëllung gaangen!

« QUATTROMANIA »

Quattromania ass e Brietspill, dat zu 100 % „Made in Luxembourg“ ass a komplett aus recycléierte Materialien (Plastik, Kartong a Filz) hiergestallt gouf. All exemplaire huet seng eegene Faarwen (en fonction vum benotztenen plastik). Produzéiert an Zesummenaarbecht mat Autisme Luxembourg an der Fondatioun Kräizbierg, Quattromania mëscht Spaass a sozial. D’Zil vum Spill ass einfach: Allkéiers, wann s de véier Däppercher vun enger Faarf op engem perforéierte Briet an eng Rei kriss, gëtt et e Punkt. Wien um Enn déi meescht Punkten huet, gewënnt. Quattromania ass e Spill, e Konschtgéigestand, e lokaalt a soziaalt Engagement. D’Oplo ass op 100 nummeréiert an eemoleg Exemplairë limitéiert.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top