DE FLÄSCHENËFFNER ESCH2022 VUM RAOUL GROSS

11
1
3
4
5
6
7
8
9
10
previous arrow
next arrow
11
1
3
4
5
6
7
8
9
10
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

RAOUL GROSS

A senger ausgebauter Wunneng uewen ënner dem Daach mat direkter Vue op d’Wéngerte vun der Muselregioun montéiert de Raoul Gross op der Hand d’Fläschenëffner, déi fir Esch2022 entworf goufen. Hie mécht dës Aarbecht am Iesssall nieft sengem Papp, deen him mat der Aarbecht hëlleft.

Bastelen, ausdenken, erfannen, maachen … Et ass nëmmen natierlech fir dëse Legofan datt de Produktdesign seng Vocatioun gouf. Fir hie koum soss näischt a Fro. A senger Stuff weise fënnef grouss Kaarten hanner Glas seng Entwécklung vum Mac Gyver, säin Idol aus der Kannerzäit, bis hin zum Designer, deen hien haut ass: Esch-Uelzecht, wou hien opgewuess ass, Nürnberg a Karlsruhe, wou hie studéiert huet, Wien, wou hien ee vu sengen éischte Stagë gemaach huet, a schlussendlech Bech-Maacher, wou hien haut wunnt a schafft.

De Raoul Gross schafft u verschiddene Projete fir Institutiounen a Privatleit a vermëttelt seng Leidenschaft a säi Wëssen de Schüler vum Escher Jongelycée, wou hien 3D-Design enseignéiert an de Schüler hir Kreativitéit encouragéiert.

De Produit a seng Wäerter

DE FLÄSCHENËFFNER ESCH2022

De Raoul Gross ass ee vun deenen zwee Gewënner vun der Ausschreiwung fir de Projet Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad, fir dem 100 Joer alem Escher Sëtzungssall en zweet Liewen ze ginn.

Den Designer huet sech déi vill zeene virgestallt, déi sech iwwer d’Joren hei mussen ofgespillt hunn. Hien huet also e Fläschenëffner gewielt, fir all dës Geschichten ze symboliséieren, déi een erzielt wann een eng Fläsch opmécht. De Fläschenëffner ass e rechteckegt Stéck Metall, dekoréiert mat „Parquetsscheiwen“ a kënnt an enger Verpackung, déi aus enger Këscht aus einfache Brieder ass. E schéint, handgemaachent, eemolegt Stéck, dat geduecht ass, fir Erënnerungen opzeruffen a Geschichten ervirzeruffen.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top