D’GËLLE FRA AN D’SKYLINE AUS SCHOCKELA VUN RG – LA CHOCOLATERIE

chocolatier_RG_39
chocolatier_RG_40
chocolatier_RG_19
chocolatier_RG_22
chocolatier_RG_43
chocolatier_RG_30
chocolatier_RG_15
previous arrow
next arrow
chocolatier_RG_39
chocolatier_RG_40
chocolatier_RG_19
chocolatier_RG_22
chocolatier_RG_43
chocolatier_RG_30
chocolatier_RG_15
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

Gabriel Mjahed

Mat just 26 Joer grënnt de Gabriel Mjahed RG – La Chocolaterie zu Diddeleng. Seng Ambitioun: en héichwäertegen, handwierklech produzéierte Schockela unzebidden, 100 % lëtzebuergesch. D’Leidenschaft fir de Schockela huet e wärend senger Ausbildung zum Patissier reegelrecht gepaakt an ni méi lassgelooss. Esou huet säi Wee en zu bekannte Chocolatiere geféiert wéi dem Henri Le Roux oder dem Nicolas Cloiseau. Duerno goung et op Entdeckungsrees a Mexiko, fir déi feinst Nuancë vum Schockela kennen ze léieren, Produzenten zu treffen a selwer déi bescht Kakaosbounen auszewielen. Hien zitt transparent Liwwerkette vir, den direkte Kontakt mat engagéierte Produzenten – vu Mexiko iwwer d’Guadeloupe bis op Madagaskar. Seng Kreatioune gi vollstänneg vun Hand hiergestallt. En Usaz, an deem sech deen eegenen Usproch u Qualitéit an handwierklecht Kënnen, lokal Verankerung an d’Léift fir den Detail vermëschen.

De Produit a seng Wäerter

D’GËLLE FRA AN D’SKYLINE AUS SCHOCKELA

Fir d’Luxembourg Collection huet RG – La Chocolaterie zwou originell Kreatiounen entworf, déi de Patrimoine vum Land éieren. Déi éischt stellt d’Gëlle Fra duer, e wichtegt Symbol fir d’Geschicht an d’Identitéit vum Grand-Duché. D’Silhouette gouf als feine Relief um Schockela nogebilt a mat enger dënner Goldfolie, déi un d’Originalstatu erënnert, vereedelt. D’Tablett mat hirem Kär aus krupsegem Hieselnoss-Praliné gëtt et mat schwaarzem Schockela oder mat Mëllechschockela. Déi zweet Kreatioun, d’Skyline, ass 30 cm laang a gëtt d’Land mat senge symbolträchtege Gebaier erëm – vum groussherzogleche Palais bis zu den Héichhaiser um Kierchbierg. Si kombinéiert knackege Schockela mat feinen Zerealiepärelcher an zwou Varianten: schwaarze Schockela a Mëllechschockela. Raffinéiert an exquisit Kreatiounen als eleganten a charaktervollen éischten Optrëtt vum Schockela an der Luxembourg Collection.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top