SCHOKELASBOTTER VUN CHOCOLATS DU COEUR

Tricentenaire_12
previous arrow
next arrow
Tricentenaire_12
Tricentenaire_07
Tricentenaire_lr_07
Tricentenaire_08
previous arrow
next arrow

D’Gesiichter hannert dem Produit

Chocolats du coeur (Ateliers du tricentenaire)

Mat de Chocolats du Coeur verknëppen d’Ateliers du Tricentenaire Integratioun a Philosophie vum Zesummeliewen zu enger Konscht, déi de Genoss zelebréiert. De Jérôme Colson, Responsable vun den Ateliers, hieft gären d’Leitmotiv vum Tricentenaire ervir: „La Force du Nous“ – zesumme si mir staark. An der Manufaktur zu Biissen oder am Bar à Chocolat zu Walfer kënne Mënsche mat Behënnerungen enger flotter Aarbecht nogoen. Zesumme stelle si héichwäerteg Produiten hier: Knippercher, Tablette Schockela oder och mat Schockela iwwerzunne Friichten. „Hei hält jiddweree mat sengen Atouten d’Koproduktioun um Liewen“, seet de Jérôme Colson.

De Produit a seng Wäerter

SCHOCKELASBOTTER

Bei dësem Schokelasbotter, deen an der Chocolaterie vun den Ateliers du Tricentenaire hiergestallt gëtt, leeft engem d’Waasser am Mond zesummen. Ouni Palmueleg, Faarf- a Konservéierungsstoffer entsprécht de Produit de Fairtrade-Standarden a steet fir handwierklechen Knowhow an héchst Qualitéit. De séisse verbënnt sech mam räichen Aroma vum schwaarze Schockela, soudatt all Maufel e Genoss ass. Op engem Stéck Brout, engem Paangech oder mam Läffel giess: Loosst Iech einfach verféieren!

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top