TABLETTE SCHOCKELA AN DER SCHICKER BOX VU GENAVEH
D’Gesiichter hannert dem Produit
ALEXANDRA KAHN
Genaveh ass virun allem d’Geschicht vun zwou Fraen. 2017 huet d’Alexandra Kahn déi vum Geula Naveh gegrënnte Chocolaterie iwwerholl. Zu deem Zäitpunkt war se schonn e richtege Fan vum Schockela aus dem Haus Genaveh. Zënterhier kann déi jonk Entrepreneuse op den handwierklechen Knowhow vun engem agespillten, multikulturellen Team zu Lëtzebuerg zeréckgräifen. Fir d’Alexandra ass et d’Verbindung vun deene verschiddene Kulturen an Traditiounen, déi Lëtzebuerg a seng Awunner esou eenzegaarteg mécht. Dëse Räichtum, dee si als „luxo touch“ bezeechent, spigelt sech an all eenzel Gourmandise aus dem Atelier Genaveh erëm: eng ganz Pallett vun Aromaen aus der ganzer Welt erschléisst sech Iech!
De Produit a seng Wäerter
TABLETTE SCHOCKELA AN DER SCHICKER BOX
De Schockela vu Genaveh gëtt op Basis vun exquisite Rezepter a remarkabelen Technike vun Hand hiergestallt. Déi excellent Qualitéit vun der Matière première mécht sech an all Stéck Schockela bemierkbar: d’Mëllech an d’Ram kommen zu 100 % aus Lëtzebuerg an d’Kakaoboune stamen aus Plantagë vu Produzenten, déi Mënsch an Ëmwelt respektéieren. Dësen elegante Set ass e Genoss an hëlt Iech mat op eng Rees an d’Welt vum Schockela. An all Këscht, déi enger Bicherbox noempfonnt ass, sinn dräi Tablette Schockela.