WËLLKOMM OP DEM OFFIZIELLEN ONLINE VERKAFS SITE VUN DER “LUXEMBOURG COLLECTION

Dëse Site ass allen Entitéiten gewidmet – Ambassaden, Ministèren, Administratiounen, Promotiounsagencen, Firmen, Federatiounen, Associatiounen, asw. – di d’Lëtzebuerger Mark Luxembourg – Let’s make it happen ronderëm d’Welt droe wëllen.

Entdeckt hei eng Rei vun Artikelen vun der Mark LuXembourg, vu Gadgeten bis hin zu High-End Kaddoen, déi Iech erlaben bei offiziellen Visitten, Konferenzen oder aneren internationalen Eventer e klengt Stéck Lëtzebuerg ze offréieren.

Duerch d’Bestellen vu gréissere Quantitéiten profitéiert Dir vu spezielle Präisser Fir de Site kennen integral ze benotzen (Präisser uweisen, Bestellunge maachen, asw.), musst Dir als éischt e Kont kreéieren.

Fir de Lëtzebuerger Know-how ze promovéieren, riicht sech dëse Site och un all Fachleit, déi hir Produkter am Kader vun der LuXembourg Collection wëllen presentéieren. Et sief bemierkt datt hei et eng Rei Critèren erfëllt solle sinn, wéi d’lokal Produktioun an de Respekt vun Ëmwelt- a sozialen Facteuren.

Wann Är Firma matmaache wëllt, kuckt w.e.g. de Fournisseur Tab hei uewen op der Säit.

Back to Top