ËNNERSETZER AUS SCHIFER VUN AUTISME LUXEMBOURG
D’Gesiichter hannert dem Produit
AUTISME LUXEMBOURG
D’Associatioun Autisme Luxembourg gouf 1981 zu Biekerech gegrënnt mam Zil , spezialiséiert Schoulklassen anzeriichte fir Kanner mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). Am Laf vun de Joren huet sech Autisme Luxembourg zu engem Zentrum fir berufflech Integratioun entwéckelt mat mëttlerweil eelef verschiddenen Atelieren, déi op déi besonnesch Eegenschaften a Preferenze vun deenen eenzele Schüler a Schülerinnen zougeschnidde sinn. Ee vun dësen Atelieren zeechent sech duerch seng Expertise an der Gravur an dem Laserstralschneide vun deenen ënnerschiddlechste Materialien aus.
De Produit a seng Wäerter
ËNNERSETZER AUS SCHIFER „LUXEMBOURG“
Déi sechs Ënnersetzer aus Schifer an dësem Set goufe mam Laser gravéiert a weise sechs bekannte Gebaier aus der Stad, déi souzesoen hir „Skyline“ duerstellen. D’Ënnersetzer leien agebett an engem Kader aus Filz, deen an eisem Atelier extra duerfir konzipéiert gouf, a kommen dann an eng Këscht aus festem Kartong, déi mir och bei eis zesummegesat hunn. Op all Këscht kënnt e Pechband mat der Opschrëft „Ënnersetzer“. Eng ganz akribesch Kreatioun, déi Handwierkskonscht an Engagement verbënnt.