DE BUFF VUM NICO PETERS
D’Gesiicht hannert dem Produit
NICO PETERS
Den Nico Peters, Athlet, internationale Wettkämpfer, Trainer, an och e fréiere Kajakfuerer an eng grouss Perséinlechkeet am Lëtzebuerger Sport, huet vill Kapen op. Am Joer 1990 koum nach d’Funktioun vum Geschäftsmann dobäi. En huet säin eegent Geschäft opgemaach: Peters Sports. D’Geschäft ass séier eng fest Gréisst ginn. Et huet sech op Liichtathletik, Lafen an Triathlon spezialiséiert a praktesch all Sportler am Land koum laanscht kucken, esou dass et séier eng reegelrecht Referenz fir Sport a Sportveranstaltungen zu Lëtzebuerg gouf. Nieft dem Verkaf vu Schong, Kleeder an Accessoiren huet d‘Geschäft säin eegenen Drockatelier, an deem och de Clienten hir Kleeder an Accessoirë kënne personaliséiert ginn. Et ass vun hei aus, wou Peters Sports wärend dem Lockdown erëm opliewe konnt: wärend et zu Lëtzebuerg u Maske gefeelt huet, fir d’Ausbreede vum Virus ze verhënneren, huet de Nico Peters decidéiert, der Ëffentlechkeet en nëtzlechen Déngscht ze erweisen: en offréiert senge Clienten e Kleedungsstéck, fir den Hals ze wiermen…
De Produit a seng Wäerter
DE NECK
Dës Kleedungsstécker, déi op Lëtzebuergesch Neck oder Buff heeschen, ginn aus Mikrofaser gemaach an eegne sech fir vill Sportaarten a fir all Saison. Mam Logo vu LuXembourg – Let’s make it happen bedréckt, sinn dës Buffen en onverzichtbaren Accessoire fir Sportler.