D’AUER ESCH2022 VUM OLAF RECHT

9
OlafRecht_32
15
5
10
16
11
1
3
6
7
8
4
12
13
14
previous arrow
next arrow
9
OlafRecht_32
15
5
10
16
11
1
3
6
7
8
4
12
13
14
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

OLAF RECHT

Ëmgi vum Bësch vum Sennengerbierg ass dem Olaf Recht säin Atelier e minimalisteschen, vu Liicht iwwerschwemmte Raum, deen hien am Rez-de-Chaussée vu sengem Haus benotzt. Hei entwërft den Designer seng Produkter op enger Aarbechtsfläch, wou d’Deeler vun der Auer, déi hie fir Esch2022 entworf huet, nach uerdentlech ronderëmleien.

Als Teenager war den Olaf Recht ee vun deenen éischten, déi an den nei etabléierten Designsectiounen am Jongelycée zu Lëtzebuerg opgeholl gi sinn. Hien huet do säi Ruff fonnt an huet seng Studien am Art Center College of Design an der Schwäiz weidergefouert, ier hien an d’amerikanesch Filial vun der Schoul zu Los Angeles geplënnert ass. De Lëtzebuerger Designer huet seng Karriär deemno an Amerika ugefaangen, wou hie fir d’éischt bei bekannten Agence geschafft huet, fir déi hien Dréckwueren, Frigoen a Kannerspillsaachen entworf huet. Den Olaf Recht koum fir kuerz Zäit zeréck an Europa an ass dunn erëm fir e puer Joer op Los Angeles gaangen, wou hien dës Kéier am medezineschen Design geschafft huet. Hie seet, et war eng wichteg Erfarung, well seng Aarbecht gehollef huet, d’Liewe vu kranke Leit ze transforméieren.

Zënter datt den Olaf Recht op Lëtzebuerg erëmkoum, huet hie seng eege Gamm vu Luuchten a Miwwelen entworf, notamment fir Boconcept, an huet u Bannenariichtungsprojete fir Muséeën, Restauranten an ëffentlech a privat Wunnenge matgeschafft.

De Produit a seng Wäerter

D’AUER ESCH2022

Den Olaf Recht ass ee vun deenen zwee Gewënner vun der Ausschreiwung fir de Projet Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad, fir dem 100 Joer alem Escher Sëtzungssall en zweet Liewen ze ginn.

Hie geet virsiichteg mat de Matière-premièren ëm, ouni se ze vill ze manipuléieren. Esou kann hien d’Authentizitéit vun all eenzeler Holzplack erhalen – inklusiv Krazerten, Flecken, Mängel, Faarfvariatiounen a souguer déi ursprénglech Neel – den Designer transforméiert déi 100 Joer al Brieder a seelen Auere mat hirem eegene Séileliewen. Mam Slogan „D’Zäit léisst Spueren“ sinn dës Symboler vu Vergaangenheet net nëmmen handgemaachen Eenzelstécker, mee och richteg Konschtobjeten.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top