ROUT-KRÉISCHEL-SIROP VUN DER EPPELPRESS

Eppelpress_28
Eppelpress_06
Eppelpress_17
Eppelpress_18
Eppelpress_15
Eppelpress_25
Eppelpress_22
previous arrow
next arrow
Eppelpress_28
Eppelpress_06
Eppelpress_17
Eppelpress_18
Eppelpress_15
Eppelpress_25
Eppelpress_22
previous arrow
next arrow

EPPELPRESS

„Villfalt stëppelt de Virwëtz, esou datt mir oppe gi fir nei Erfarungen a Perspektiven.“ Seng eegen Definitioun vu Villfalt bréngt de Jean-Paul Friederes dozou, seng Aktivitéiten an der traditioneller Landwirtschaft mat Véizuucht a Mëllechproduktioun ze iwwerdenken. Den ambitionéierten Uebstbauer grënnt „Eppelpress“. Ëmmer op der Sich no neien Erausfuerderungen a voller origineller Iddie geet de Jean-Paul mat senger jonker Entreprise Kooperatioune mat anere Produzenten aus der Regioun an, där Géigend, déi him dat Wichtegst liwwert, wat e fir d’Hierstellung vu sengem Äppeljus brauch. Dës Zesummenaarbecht plus de perséinlechen Engagement ruffen um Enn d’Konzept „Äre Viz vun Ären Äppel“ an d’Liewen.

ROUT-KRÉISCHEL-SIROP

D’Produite vun Eppelpress ginn no traditionelle Rezepter, ouni kënschtlech Zousazstoffer a just mat Uebst aus der Regioun hiergestallt. Wéi vill um Enn produzéiert gëtt, hänkt dovun of, wéi vill Uebst zur Verfügung steet. „Rout-Kréischel-Sirop“ ass e Sirop aus lokale Roude Kréischelen, deen am Kader vun engem gemeinsame Pilotprojet entstanen ass: dem Uplanze vu Roude Kréischelen an der Regioun

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top