AFFICHE A POSTKAART VUM IRINA MOONS

IrinaMoons_15
Carte Affiche Irina Moons
IrinaMoons_01
IrinaMoons_05
IrinaMoons_07
IrinaMoons_10
IrinaMoons_14
previous arrow
next arrow
IrinaMoons_15
Carte Affiche Irina Moons
IrinaMoons_01
IrinaMoons_05
IrinaMoons_07
IrinaMoons_10
IrinaMoons_14
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

IRINA MOONS

Wat d’Irina am léifsten illustréiert ass d’Gemittlechkeet: an der Famill, bei Koppelen, bei Frënn, déi sech ronderëm en Dësch versammelen oder bei rouege Momenter mam Hond…vun dëse freedegen a waarmen Ablécker entgeet keen der Irna hire Stëfter oder Pinselen! Genee wéi den David Hockney, deen eng vun hire Liblingsreferenzen ass, moolt si Zeenen aus dem Alldag, wou jiddereen sech mat Freed an enger Welt vu Faarwen erëmfënnt, wou Landschafte grouss „Aplats“ sinn, op deene blo, gréng an orange Elementer explodéieren. An hiren Illustratioune verstoppen sech keng Messagen, si sinn éischter eng ganz kommunikativ Aluedung zur gudder Laun. Si ass polymorph an adaptéiert hiert Talent an hiert Weltbild fir Clienten a fir déi verschiddenst Commanden, egal op et ëm eng Illustratioun fir eng Eenzelpersoun, eng visuell Identitéit, e Logo oder en Design vun engem Internet-Site fir eng Firma geet. Mä si bleift sech selwer ëmmer trei a bléist jidder Kompositioun eng ganz eegen Touche Energie a Liewensloscht an. Well si ëmmer drop aus ass fir ze deelen a weiderzeginn, organiséiert si reegelméisseg Zeechen- a Serigraphie Workshops fir Kleng a Grouss ronderëm de grousse wäissen Dësch an hirem Atelier. Wéi gesot, et geet näischt iwwer d’Gemittlechkeet.

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

Hiert Thema? En Thema dat fir si gemaach gouf: d’Wuelbefannen. An déi Illustratioun, déi d’Irina gemaach huet, schéngt ze soen datt et net besonnesch gutt deet, wann en eleng ass, an datt een säin Equiliber kaum fënnt, wann een ëmmer a sengem Eck sëtze bleift! Hei, an der grousser grénger Anlag am Gronn, mat der Neier Bréck (Pont Adolphe) als Hannergrond, feiert d’Bild d‘Freed vum Zesummesinn, sief et bei engem Picknick, engem Glas Cremant oder beim Sport. D’Wuelbefannen? Eng Spezialitéit zu Lëtzebuerg!

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top