AFFICHE A POSTKAART VUM KAMIL IWASZCZYSZYN

Kamil
Carte Affiche Kamil
previous arrow
next arrow
Kamil
Carte Affiche Kamil
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

KAMIL IWASZCZYSZYN

De Kamil ass an engem klengen Duerf a Polen op d’Welt komm an en hat d’Chance e Grousspapp ze hunn, dee souwuel Moler wéi Museker war, an deen all Form vu Konscht gär hat. Duerch dëse Kontakt krut dee ganz jonke Kamil séier Faarfstëfter an de Grapp. Seng Imaginatioun a säin Talent hu fir de Rescht gesuergt! No Studien am Lycée des Arts et Métiers zu Lëtzebuerg an op der Uni Tréier, fir déi néideg Techniken ze léieren, an 3 Joer Experienz an engem Grafikstudio fir sech mat den Demande vun den Entreprisen ze familiariséieren, huet de Kamil sech selbststänneg ze maachen. Dank dem „bouche-à-oreille“ sinn dunn d’Bestellunge ganz séier komm… Alles inspiréiert hien: Filmer, Videospiller, awer och Geschichten a Mënschen, déi hie begéint…Heiansdo ass et och deen éischte Stréch – dee ganz schwéier ze fannen ass! – deen him weist, wéi et weidergeet. Well hie sech fir Typographie begeeschtert, huet e sech en Universum mat staarke Faarwen an einfachen a moderne Linnen erschaf. Mä egal op mat Pabeier oder Stëfter, mat Tablett oder Computer – de Kamil komponéiert Biller, déi mat klengen Detailer vollgestoppt sinn, déi kee Mënsch op den éischte Bléck gesäit…Duerno ass et um Spectateur fir sech d’Geschichten auszedenken!

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

Duerch des Illustratioun wollt de Kamil weise wéi Lëtzebuerg sech nei erfonnt huet, a sech aus engem Agrarland zu enger progressistescher Gesellschaft an engem Land entwéckelt huet, dat un der Spëtzt vun der Innovatioun steet. Mä och wann d’Land et fäerdeg bruecht huet, sech vum Gromperefeld bis zum Satellit am Weltraum an iwwert d’Spëtzentechnologie an de Finanz-Ingenierie weider ze entwéckelen, huet et seng Wuerzelen ni vergiess. Wann een nämlech dem Kamil seng Zeechnung genee kuckt, gesäit een, datt dat Weesentlecht vum Kär, der Erënnerung an den Originnen ausgeet, aus deenen déi ganz Evolutioun vum Grand-Duché ervirgaangen ass.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top