AFFICHE A POSTKAART VUM LYNN COSYN

LynnCosyn_15
Carte Affiche Lynn Cosyn
LynnCosyn_01
LynnCosyn_02
LynnCosyn_03
LynnCosyn_04
LynnCosyn_08
LynnCosyn_12
LynnCosyn_13
previous arrow
next arrow
LynnCosyn_15
Carte Affiche Lynn Cosyn
LynnCosyn_01
LynnCosyn_02
LynnCosyn_03
LynnCosyn_04
LynnCosyn_08
LynnCosyn_12
LynnCosyn_13
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

LYNN COSYN

Eigentlech huet d’Illustratorin Lynn Cosyn net mam Zeechnen ugefaang…mä mat Architektur, déi si zu Oochen an Däitschland studéiert huet. Allerdéngs huet d’Architektur sech zimmlech séier als ze enk an net kreativ genuch fir hire Goût erwisen, an d’Lynn huet ugefaangen, mat Stëfter a Pabeier ze schaffen, andeems se hir Zeechnunge mat witzegen a faarwegen Detailer vollgestoppt huet. A wéi an deene schéinste Märercher koum den Erfolleg kuerz viru Chrëschtdag: nodeems si e puer Zeechnungen op Instagram gepost hat, gouf si direkt entdeckt a krut, e puer Deeg méi spéit, eng Offer aus den USA fir Lëtzebuerg ze illustréieren. Bingo! Hir Bekanntheet war lancéiert. Hir Inspiratiounsquellen si villfälteg: Natur, Déieren, Architektur, Stied an grouss Zeechner wéi de Miroslav Šašek, deen 1960er Joer staark beaflosst huet. Ouni dem Drock vun der Notorietéit nozeginn, egal ob si e Fliger oder eng Neijoerschkaart zeechent, versicht si ëmmer nees hir Sujete frësch a fräi unzegoen, andeems si mat der Realitéit spillt a mat hire Stëfter Rou a Liichtegkeet an hir Zeechnungen erabréngt. Si well sech op kee Fall vu Gewunnechte fessele loossen an huet ëmmer nees Loscht op nei Abenteuer. Sou zum Beispill an hirem éischte Kannerbuch, enger Sammlung vu klenge Geschichten, déi de Kanner Loscht maache solle fir ëmmer nees nei Saachen ze entdecken! E gudde Rot, deem d’Lynn jo och selwer follegt.

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

Dem Lynn Cosyn hiert Lëtzebuerg, am Zentrum vun Europa, ass e Land, dat net nëmmen enk mat sengen Nopeschlänner verbonnen ass, mä och e Land wou – eng Vilfalt vu Beschäftegungen an d‘Méisproochegkeet – ee mat deem anere verbënnt. An dësem Netz dat tëscht all Mënsch a jidderengem geknëppt gouf, schafe Kommunikatioun an Interaktioun eng permanent a fléissend Proximitéit. Eng schéin Aart a Weis eng besonnesch wäertvoll Lëtzebuergesch Eegenschaft ervirzesträichen: d’mënschlech Verbindung.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top