DE « PECKVILLCHEN » VUM PASCALE SEIL

pascale_seil_60
pascale_seil_61
pascale_seil_13
pascale_seil_66
pascale_seil_16
pascale_seil_19
pascale_seil_18
pascale_seil_05
pascale_seil_40
pascale_seil_20
pascale_seil_091
pascale_seil_121
pascale_seil_43
pascale_seil_22
pascale_seil_25
pascale_seil_32
pascale_seil_34
pascale_seil_37
pascale_seil_39
pascale_seil_54
pascale_seil_68
previous arrow
next arrow
pascale_seil_60
pascale_seil_61
pascale_seil_13
pascale_seil_66
pascale_seil_16
pascale_seil_19
pascale_seil_18
pascale_seil_05
pascale_seil_40
pascale_seil_20
pascale_seil_091
pascale_seil_121
pascale_seil_43
pascale_seil_22
pascale_seil_25
pascale_seil_32
pascale_seil_34
pascale_seil_37
pascale_seil_39
pascale_seil_54
pascale_seil_68
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

PASCALE SEIL

An hirem Atelier voller Liicht am Häerze vum Mëllerdall bléist d’Pascale Seil Glas. Si ass déi eenzeg Glasbléiserin aus dem Land an huet dës Technik duerch Zoufall wärend hirem Studium op der École des Arts décoratifs zu Stroossbuerg kennegeléiert. Déi jonk Fra war vun der Glasaarbecht faszinéiert a wollt hir Ausbildung an Italien, „dem Land vun der Glasbléiserei schlechthin“, vervollstännegen. Hir Ambitioune goufen allerdéngs gebremst, well d‘Ausbildung nëmme fir Männer reservéiert ass. Schlussendlech ass et beim Scott Slagermann, engem amerikanesche Glasbléiser, bei deem d’Studentin hiert Kënne perfektionéiert, ier se hiren Diplom am Centre européen de recherches et de formation aux arts verriers zu Vannes-le-Châtel kritt. Säitdeem schafft d‘Pascale Seil mat Geschéck a Feingefill mat dësem Material, dat, wann et aus dem Uewe kënnt, d’Form vu verschiddenen Dekoratiouns- oder Ausstellungsobjeten unhuele kann, dorënner d‘Péckvillercher, d’Liblingskreatioune vun der Kënschtlerin.

De Produit a seng Wäerter

DE « PÉCKVILLCHEN »

De Péckvillchen ass en typesch lëtzebuergesche Produit, deen zum beléifte Sammlerstéck ginn ass. Et ass am Fong eng kleng Päif a Form vun engem Vull aus Terracotta, eng Traditioun déi op dat 14. Joerhonnert zeréckgeet. Ouschterméindeg sinn d’Péckvillercher d’Haaptattraktioun op der Eemaischen, engem Fest, dat esou wuel an der Alstad vu Lëtzebuerg wéi um Duerf zu Nouspelt stattfënnt. Do ginn et vill kleng Vullen, all op der Hand gemaach, vun alle Formen a Faarwen, heiansdo esou guer aus Glas … Dat ass de Fall beim Pascale Seil hire Péckvillercher. Hir Kreatiounen entsti fir d’éischt um Pobeier a kommen zum Schluss an den Uewen, deen op 1300 °C opgehëtzt gëtt. Wann se dann eraus kommen, gesäit d’Glas wéi gliddegen Hunneg aus, deen opquëllt, sech diebelt, sech verbéit, bis en um Enn déi gewënschte Form vun engem Péckvillchen huet. Eng fein an elegant nei Interpretatioun vun engem historesche Symbol vum Land.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top