AFFICHE A POSTKAART VUM ALAIN WELTER

Alain_Welter_11
Carte Affiche Alain Welter
Alain_Welter_05
Alain_Welter_07
Alain_Welter_08
previous arrow
next arrow
Alain_Welter_11
Carte Affiche Alain Welter
Alain_Welter_05
Alain_Welter_07
Alain_Welter_08
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

ALAIN WELTER

Et kéint ee bal mengen, den Alain Welter wier mat enger Spraydous an der Hand op d’Welt komm . Zënter dat hie mat 16 Joer ugefaangen huet, Graffiti ze sprayen, huet hien net méi opgehalen! Zu Lëtzebuerg ass den Artist ganz séier a ganz fréi mat sengem Projet „Make Koler Kooler“ opgefall, wou hie Fresken op ronn 15 Fassaden a sengem klenge Gebuertsduerf Koler realiséiert huet, matten en de Felder am Weste vum Land. Eigentlech war seng Propositioun just en Ofschlossprojet fir seng Studien. Dank Inspiratioun an Imaginatioun sinn d’Fresken opgebléit an dat klengt Duerf ass mëttlerweil als richtegen Open Air Musée fir urban Konscht bekannt! Seng Inspiratioun fënnt den Alain iwwerall. An der Natur a bei den Déieren, déi e fir säi Liewe gär duerstellt, awer och zum Beispill an engem Lidd oder enger BD, enger Toile aus der Renaissance oder an der Dynamik vun enger Architektur… … Et kënnt awer net a Fro datt hien egal wat egal wou representéiert! Eng Spillschoul ass weder e Skate-Park, e Bus oder en Tuerm vun enger Schmelz. D’Fresk integréiert sech och an en architektoneschen oder natierleche Kontext – den Himmel, eng aner Mauer, eng Kierch, asw. – déi ee muss abanne bei der Wiel vun de Faarwen, well dat Ganzt muss openeen ofgestëmmt sinn.

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

Lëtzebuerg ass e multikulturellt Land, wou iwwer 130 verschidde Sprooche geschwat ginn! Dat ass en onvirstellbare Räichtum an en Thema, dat dem Graffiti-Artist Alain Welter ganz besonnesch um Häerz läit, hie verstoppt nawell ganz gär Wuertspiller oder typographesch Räätsel a senge Wierker. Vun der Gëlle Fra bis bei de Grand-Duc Henri, fir d’Méisproochegkeet an d’Valeure vum Zesummeliewen ze illustréieren, op déi Lëtzebuerg sou houfreg ass – hei dialogéiert den Universum vum Street Art mat den Ikone vum eenzege Grand-Duché op der Welt!

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top