AFFICHE A POSTKAART VUM CHARL VINZ

CharlVincent_14
Carte Affiche Charl Vinz
CharlVincent_02
CharlVincent_03
CharlVincent_06
CharlVincent_07
CharlVincent_08
CharlVincent_10
CharlVincent_11
CharlVincent_12
previous arrow
next arrow
CharlVincent_14
Carte Affiche Charl Vinz
CharlVincent_02
CharlVincent_03
CharlVincent_06
CharlVincent_07
CharlVincent_08
CharlVincent_10
CharlVincent_11
CharlVincent_12
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

CHARL VINZ

De Charl Vinz huet mat der Illustratioun ugefaangen…wéi hie wärend dem Lockdown virun engem Seniorenheem zu Lëtzebuerg e Lidd vum Edith Piaf gesongen huet. Hien huet effektiv vum Moment, wou d’Zäit am Land stoe bliwwen ass, profitéiert, fir u senger Zeechekonscht ze schaffen – déi hie schonn ëmmer praktizéiert huet. Seng éischt „offiziell Bestellung“ koum vun enger Frëndin, déi Akkordeon spillt, a gratis Concerte virun Altersheimer gespillt huet. Bei dëser Geleeënheet, wou de Charl alles gemaach huet, souwuel illustréiert a gesongen huet, wousst hien nach net, datt dësen Evenement seng Karriär lancéiert huet! Seng Zeechnung huet ageschloe wéi de Blëtz an d’Bestellungen hu sech geheeft. De Charl mécht Observatiouns-Zeechnen a fënnt seng Iddien iwwerdeems hien an der Stad spadséiere geet. An der Stad, wëll hien observéiert immens gär d’Gebaier, wat him d’Méiglechkeet gëtt, se a säin Universum ze integréieren. Hien ass e grousse Fan vun der Genauegkeet vun architektoneschen Zeechnungen, him gefält d’Grëndlechkeet, déi d’Detailer vun enger Fassad oder d’Déift vun enger Perspektiv verlaangen. Him gefält et, Ambiancë mateneen ze vermëschen, an hie benotzt och Fotoen, déi en an Zäitschrëfte fënnt, fir seng Biller zesummen ze setzen. Als Mënsch vun der Renaissance huet hie net vill iwwreg fir digital Hëllefsmëttel, hie schafft vill léiwer mat Bläistëft, Filzstëft an souguer mat Täschemessere fir d’Matière ze sculptéieren, wann e Linogravure mécht. An et waren ausgerechent seng grouss rout „Aplats“ an der Linogravure déi dësen Amateur vu Schwaarz a Wäiss, a vun den einfache Strécher, dozou bruecht hu Faarf a seng Kompositiounen ze bréngen..

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

An der europäescher Haaptstad Lëtzebuerg, déi de Charl Linz zeechent, ass et d’Zukunft, déi sech nei erfënnt mat engem flëssegen Netz vun ëffentleche Verkéiersmëttel, déi enk matenee verbonnen (an am ganze Land gratis!) sinn, an déi et de Mënsche vun allen Nationalitéiten erlaabt, zesummen op d’Aarbecht ze fueren…oder bei engem gudde Lëtzebuerger Humpen ze diskutéieren – hei gëtt de Begrëff „work-life balance“ ganz grouss geschriwwen.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top