AFFICHE A POSTKAART VUM HENRI SCHOETTER

HenriSchoetter_25
Carte Affiche Henri Schoetter
HenriSchoetter_01
HenriSchoetter_03
HenriSchoetter_07
HenriSchoetter_14
HenriSchoetter_17
HenriSchoetter_21
previous arrow
next arrow
HenriSchoetter_25
Carte Affiche Henri Schoetter
HenriSchoetter_01
HenriSchoetter_03
HenriSchoetter_07
HenriSchoetter_14
HenriSchoetter_17
HenriSchoetter_21
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

HENRI SCHOETTER

Dëse Lies- a Bichergeck huet net Zeechne studéiert mä Architektur, wat him eng besonnesch Maîtrise vu Volumen a Reim ginn huet. Trotzdeem, well en zënter e 6 Joer al war ëmmer e Bläistëft am Grapp hat, kann hien sech net erënnere, jee eng Kéier net gezeechent ze hunn! Allerdéngs erënnert hien sech och drun, dat en ëmmer versicht huet, senge Kreatiounen e Sënn ze ginn. Op kee Fall just schéin zeechnen! Anerersäits ass säin Objektiv Emotioun a Reflexioun ze verbannen. Inspiréiert vu Musek, Iddien, Bekanntschaften, Aktualitéit oder Comicbicher, schaaft hien en Universum, wou all eenzelt Element e Steen ass fir e koherent a sensibelt Bauwierk opzeriichten. Den Henri huet e puer Joer zu Wien gelieft. War et dës kosmopolitesch Stad, an deier all Forme vu Konscht schonn ëmmer mateneen dialogéiert hunn, déi säi Goût, deen e schonn ëmmer hat, fir Disziplinnen, de Sënn an d‘Esthetik ze kräizen? Obwuel hie mat alle méigleche Materialien a mat all méiglechem Geschier schafft, entstinn all seng Iddie mat engem Blat Pabeier an engem Bläistëft, och wann d’Finaliséierung vun der Illustratioun um Computer erweidert gëtt an och do ophält. Haut ass hien en onofhängege Grafiker, dee säin Talent an den Déngscht vum Client stellt, fir (s)enger Visioun vun der Welt eng Form an e Gesiicht ze ginn.

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

Hei ass et d’Erzéiung deier déi ganz Illustratioun gewidmet ass. Am Gebai vun der Universitéit um Belval, dat ëmgekippt an duerno an e metaphoreschen Aquarium verwandelt gouf, erhieft sech eng Aart vun Wëssensleeder, en innovatiivt Ökosystem, dat vu Bicher a vun Interaktiounen tëscht den Disziplinne lieft. An dësem risegen Inkubator verwandelt sech dat Wëssen – dank den Ingenieuren – an nei Technologien, an nei Objektiver fir den Austausch tëscht de Mënschen ze fërderen a fir an enger grousser zyklescher Beweegung nei Quelle vu Wëssen ze erschléissen, vun deenen duerno déi ganz Mënschheet profitéiere kann.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top