MEMORY GAME VUN ATELIERS KRÄIZBIERG
D’Gesiichter hannert dem Produit
ATELIERS KRÄIZBIERG
Wann nei Editioune vum Memory Game mam Stempel LuXembourg – Let’s make it happen erauskommen, dann iwwerfällt op eemol e blo-roude Mosaik vun EmoXies d’Drockdëscher vum Serigraphie-Zenter vun den Ateliers Kräizbierg zu Diddeleng. Zënter 1982 hëlt dës Plaz Leit mat enger kierperlecher Behënnerung op, fir hinnen e Beruffsliewen esou no ewéi méiglech um Aarbechtsliewen am Privatsecteur ze bidden. Wat ass hinnen hir Aufgab? Transversal op d’Bedierfnesser vu Privat- oder Firmenclienten an de néng Atelieren ze reagéieren, déi zur Organisatioun gehéieren: Multimedia, Keramik, Serigraphie, Broderien, Dréckerei, Gaardenaarbecht, Comptabilitéit, de Buttek a Servicer.
De Memory Game ass sengersäits en Deel vun der eegener Kollektioun vu Produkter, déi vun den Ateliers Kräizbierg selwer entworf goufe fir d’Fäegkeete vun hire Mataarbechter weider ze verbesseren. Wat sinn d’Ambitioune vun der Direktioun? Méi visibel zu Lëtzebuerg ze sinn an den Know-how vun den Equipen z’ënnersträichen, fir hir sozial Inclusioun an hir professionell Integratioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze fërderen.
Well dat ass d’Zil vun den Atelieren, déi fir hir 112 Mataarbechter e Sprangbriet no bausse solle sinn: d’Differenze positiv gesinn a beweisen, datt d’Diversitéit eng Quell vu Räichtum ass.
De Produit a seng Wäerter
MEMORY GAME
De Memory Game vun den Ateliers Kräizbierg gouf vu vir bis hanne vun de Mataarbechter vum Serigraphie-Service entwéckelt a produzéiert. Si hunn den éischte Grafikdesign entworf, si waren awer och verantwortlech fir all déi verschidde Phasen vun der Produktioun vum Spill: den Drock, d’Schneiden oder nach den Assemblage.
An der Boîte vum Spill sinn 72 Kaarte mam Bild vun den EmoXies, souzesoen den Emblèmë vu Lëtzebuerg, déi a Form vun Emojis nei interpretéiert goufen an nom „X“ vun der Lëtzebuerger Signatur benannt sinn. Fir ze spillen, musst Dir just d’Kaarte mam Bild no ënnen op engem Dësch verdeelen, dann zwou zoufälleg dovu gewielten ëmdréien, bis Dir zwee identesch Biller fannt, esou datt d’Puer komplett ass. E Spill 100 % made in Luxembourg, dat Grouss a Kleng begeeschtert!
Fir méi iwwer d’EmoXies an d’Bedeitung vun hire jeeweilegen Illustratiounen ze léieren, gitt op eise Site EmoXies.