AFFICHE A POSTKAART VUM FLORENCE WEISER

JDDL
Carte Affiche Florence Weiser
GD
GD_2
GD3
previous arrow
next arrow
JDDL
Carte Affiche Florence Weiser
GD
GD_2
GD3
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

FLORENCE WEISER

Wéi si nach kleng war, wollt d’Florence Weiser Dëscheldicher zeechnen! Well si vun de Motiver, déi si dora gesinn huet, faszinéiert war, huet si sech schonn deemools léiwer mat Faarfstëfter wéi mat Spillsaache beschäftegt a si wollt „Saache maachen, déi schéin ze kucke sinn“. Si ass hiren Ambitiounen trei bliwwen. Nodeems si zu Lëtzebuerg opgewuess war, huet si op der ESA Saint-Luc zu Bréissel Illustratioun studéiert, an duerno weider an der École des Gobelins wéi och an der École Estienne zu Paräis. Nodeems hir Ofschlossaarbecht vun engem belsche Verlag entdeckt gouf, konnt si direkt hir Pinselen an d’Jugendliteratur andauchen! En Universum, datt si gutt kannt huet an immens gär hat, well si scho vill Albe gelies hat an och schonn ëmmer vu Bicher ëmgi war! Nodeems si mat Illustratiounen an der Belsch, zu Lëtzebuerg an a Frankräich ugefaangen hat, gouf d’Florence séier vun engem Agent an Amerika kontaktéiert an do huet sech fir si e Marché opgedoen, dee si eleng wuel ni erreecht hätt! Si huet doropshin eng Rei Alben op Englesch illustréiert an hiren Numm ass méi a méi bei den Editeuren zirkuléiert! Si inspiréiert sech besonnesch gär un der Natur an un den Déieren, Motiver duerch déi d’Faarwe maximal an hir Aarbecht afléisse fir zart, freedeg, witzeg a poetesch Zeenen ze komponéieren.

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

Dem Florence hiert Lëtzebuerg ass en tolerant Land, dat oppe fir Gender-Diversitéit ass, wou déi verschiddenst Communautéite respektéiert ginn, a wou jiddereen esou liewe ka wéi hie wëll. Hei geet et deemno virun allem ëm Léift an Zäertlechkeet, fir déi eng Blummelandschaft mat de Faarwe vu Lëtzebuerg den idealen Hannergrond ass. D’Intentioun vun der Illustratorin: Virun allem e Gefill vun Harmonie auszeléisen andeems si en Espace zeechent, wou jidderee wëllkomm ass fir a Fridden ze liewen. Schlussendlech ass dat jo awer besser – oder op mannst grad sou gutt – wéi Dëscheldicher ze zeechnen, oder?

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top