AFFICHE A POSTKAART VUM MARGAUX SOULAC

MargauxSoulacroup_15
Carte Affiche Margaux Soulac
MargauxSoulacroup_01
MargauxSoulacroup_03
MargauxSoulacroup_04
MargauxSoulacroup_05
MargauxSoulacroup_09
MargauxSoulacroup_11
MargauxSoulacroup_12
previous arrow
next arrow
MargauxSoulacroup_15
Carte Affiche Margaux Soulac
MargauxSoulacroup_01
MargauxSoulacroup_03
MargauxSoulacroup_04
MargauxSoulacroup_05
MargauxSoulacroup_09
MargauxSoulacroup_11
MargauxSoulacroup_12
previous arrow
next arrow

D’Gesiicht hannert dem Produit

MARGAUX SOULAC

Wann een am Margaux Soulac säin Atelier erakënnt, am Häerz vun der Alstad a just e puer Meter vun der Place d’Armes, eng Plaz, déi sech Caféen a Restauranten deelt, daucht een direkt an hiren Universum an. Grell an ausgeloosse Faarwen, eng lëschteg Luucht déi duerch eng grouss Fënster erastréimt an eng flott Ambiance, wou sech déi kreativ Aarbecht an d’Loscht un der Kreatioun begéinen. Autodidaktin a frou et ze sinn huet d’Margaux schonn ëmmer gär gezeechent. No e puer Joer an der École de Commerce huet si entscheet: Ech ginn Illustratorin. Hir Inspiratioun fënnt si an de Stied, op Reesen, andeems se d’Leit observéiert, Koppelen, Famillen… An hiren Illustratioune versicht si net onbedéngt e Message weiderzeginn, mä eng Stëmmung ze schafen, fir dem Zuschauer Loscht ze maachen, an d’Zeen anzedauchen a sech mat de Personnagen z’identifizéieren. Beaflosst vun der Street Art, awer och vum Warhol, vum Keith Haring an dem Pop Art, ass se besonnesch houfreg drop, den Nabi-Moler Georges Lacombe an der Famill ze hunn, deen e Frënd vu Bonnard a Valotton war. Ass et de Geescht vun dësem Virfar deen hier an d’Ouer gepëspert huet, si sollt all déi waarm, zart an äerdeg Faarwe benotzen? Ob jidder Fall beweegen hir Gestalten sech an enger villfaarweger sonneger Welt, déi de Moler sécher net verleegent hätt!

De Produit a seng Wäerter

AFFICHE A POSTKAART

D’Margaux Soulac illustréiert eng Welt, wou Stad an Natur sech den Espace bridderlech deelen a wou jidderee fir d’allgemengt Wuel schafft, an engem Kader, an deem d’Ëmwelt, dat Soziaalt an d’Ekonomie sech am Gläichgewiicht halen. E puer Noute Musek erënneren drun, datt déi ausserschoulesch Disziplinne ganz wichteg an der Erzéiungsvisioun sinn, déi d’Land promouvéiert. An déi grouss Wandrieder, déi nieft de Gebaier vum Geschäftsquartier um Kierchbierg stinn, zeechnen eng Landschaft, wou Finanzen an Ekologie sech d’Hand fir ekologesch-gesellschaftlech Initiative reechen. Eng Landschaft voll gudder Laun, déi perfekt bei d’Faarfstëfter vum Margaux passt.

WOU FËNNT EEN DE PRODUIT?

Privatleit
Fachleit
Back to Top